Mat 50, 8% vun de Votte plënnert den Donald Trump erëm an d’Wäisst Haus. De Kampf mat der Demokratin Kamala Harris, wou 47, 5% vun de Votte krut, ass soumat eriwwer. Dëse Debat huet net just ganz Amerika, mee och Europa beonrouegt. D’Politik vun den USA impaktéiert nämlech net just d’Amerikaner, mee och de Recht vun der Welt. D’Europäer froen sech wat et dann haut fir eis heescht wann d’USA erëm e Republikaner als Präsident huet.
Eis Deputéiert hunn an engem Interview hier Meenunge par Rapport zu den US-Wale geäussert. D’Madamm Tilly Metz vun de Gréngen, den Här Goerens vun der DP an den Här Kartheiser vun der ADR erklären eis hei hier Stellungen.
„Europa muss elo méi staark a villen Beräicher zesummeschaffen a méi onofhängeg ginn, op sengen eege Been stoen.“
„Dat de Trump seet, datt de Krich a 24 Stonnen eriwwer wär wann hee Präsident géif ginn, kann een nëmme verstoen datt e well datt d’Ukrain méi Territoire dem Putin opgëtt“, seet déi gréng Deputéiert Tilly Metz. Sie fënnt datt de Trump imprevisibel ass an et weess een net ob en alles wat e seet och wierklech ëmsetzt. Soumat ass Europa mat ganz villen Onsécherheete konfrontéiert.
Och beonrouegt si den Drock wou de Trump par Rapport zu de Kontributiounen zu der NATO gemaach huet. Do gouf ganz kloer gesot dass d’Amerikaner net do si fir d’Europäer zeschützen. Ofgesinn dovun entsprécht alles wat heen an der lescht vun sech gëtt laut Tilly Metz net den europäesche Wäerter vu Mënschen- a Fraerechter, wéi zum Beispill de Verbuet vun der Ofdreiwung. D’Press attackéiert heen och a stëppelt d’Leit ee géint deen Aneren op, wat d’Cohésion sociale menacéiert. Da fäert d’Tilly Metz och nach d’Méiglechkeet vun enger Allianz tëschent all den Autokratien, wat och Europa géif destabiliséieren. Dem Trump säi Wonsch fir eng méi protektionistesch wirtschaftlech Politik wäert fir Europa och nach wirtschaftlech negativ Konsequenzen hunn.
„D’Europäer wäerten sech och musse méi waarm undi wat hier eege Verteidegung ubelaangt.“
Mee och de Charles Goerens vun der DP seet datt dem Trump seng Presidentschaft fir Europa net einfach gëtt. Datt de Trump ganz staark Handelsbeschränkunge fir hätt, beonrouegtoch heen. Dat gëtt zum Beispill fir déi Däitsch Exportindustrie déi vill Produiten an Amerika verkafen an och selwer hier Fabricken do néierloosse schwéier. Fir heen ass d’Zukunft vun der Ukrain och eng Suerg, wëll mer net genau wëssen, wat de Trump do genau wëlles huet.
Bis elo konnte mer ëmmer op d’Amerikaner ziele wann an Europa e Problem war. Den Trump huet awer gesot, déi Europäer déi a sengen Aen net genuch maache fir selwer am Budget vun der NATO ze intervenéieren, déi wäerten net op d’Hëllef vun den Amerikaner ziele kënne wann se eng Kéier aggresséiert sollte ginn. „Wann en dat mëscht wat e gesot huet da gëtt dat doten eng zimmlech brutal Geschicht“, deelt den DP-Member mat, ‘America first‘ heescht datt déi Handelsbezéiungen déi mir bis elo hate ganz staark ënner Drock gesat ginn. Mir wäerten do vill méi Schwieregkeete kréien eis Produkter op den amerikanesche Maart ze bréngen. Wann de Trump wat en ugekënnegt huet duerchzitt, da musse mir eis nach vill méi séier ëmstellen a punkto Defense wéi dat bis elo de Fall war.“
„Ech huelen un datt mer do mat den Amerikaner ganz spannend awer och ganz kontrovers Diskussioune kréien.“
Den Deputéierte vun der ADR Fernand Kartheiser erkläert, datt mer eis elo mol op eng Rei vun Entwécklunge virbereede kënnen, gréisstendeels am Sécherheetsberäich, an der Ekonomie an am gesellschaftspolitesche Beräich.
Am Sécherheetsberäich wéilt den Här Kartheiser dem Krichan der Ukrain en Enn ze setzen. „Dat géif vill Drock, dee mer momentan hunn, ewechmaachen an eis och d’Méiglechkeet ginn nei Relatioune mat Russland opzebauen“, hofft den ADR-Deputéierten. „Et ass och esou datt den Här Trump natierlech vun Europa erwaart méi an der Verteidegung ze maache well d’Amerikaner sech wëlle méi am Pazifesche Raum an op China konzentréieren.“
Et ass awer och warscheinlech eng ganz haart ekonomesch Konkurrenz vun den Amerikaner ze erwaarden. Wat reell Ekonomie ugeet, also am industrielle Beräich, hunn eng Rei europäesch Industrië scho beim President Biden den europäesche Raum verlooss fir an Amerika ze goe wéint den héischen Energiepräisser duerch d’Russland-Sanctiounen. Am Finanzberäich sinn d’Amerikaner och vill méi flexibel a setzen eng ganz Rei vu Saachen net ëm oder vill méi spéit. Déi europäesch Banke sti viru ganz groussen Erausfuerderunge wat hier administrativ Käschten ugeet, do nennt den Här Kartheiser ‘Basel III‘ als Beispill. Am gesellschaftspolitesche Beräich erhofft sech den Här Kartheiser datt „d’Amerikaner sech ënnert dem Trump ganz staark fir d’Meenungsfräiheet asetzen, déi mir an Europa ganz staark ageschränkt hunn, zum Beispill iwwert den Digital Services Act.“
„A villen Beräicher huet d’Kamala Harris d’Häerz op der richteger Plaz.“
Well d’Kamala Harris am beschten d’europäesch Wärter representéiert, gouf se „zu 120%” vum Tilly Metz ënnerstëtzt, an dat obschonn eng gréng Kandidatin am Renne war. Vu dat déi awer keng Chance hat géint de Trump, hätt d’Tilly Metz an och déi europäesch Gréng Partei, léiwer gehat datt se hier Kandidatur zeréck gezunn hätt. „Eng Stëmm fir si ass eng Stëmm an de Sand, respektiv eng Stëmm fir de Trump“, erkläert d’Deputéiert.
D’Kamala Harris war laut Tilly Metz eng Garantie fir d’Oprechterhale vun der Demokratie, dem État de Droit, de Fraerechter an de Rechter vun de Minoritéiten, och huet si e Sënn fir d’sozial Gerechtegkeet.
„Als Mënsch fannen ech ass en eng Katastroph an als Politiker ass en eng Brute“
Den Trump stellt de komplette Géigendeel duer vun all deem u wat den Här Goerens gleeft.
Fir den DP-Deputéierten ze zitéieren: „Ech si fir d’fräi Meenungsäusserung an net fir all déi
Ausrutscher déi heen sech erlaabt. Also éischtens seng Manéier wéi heen sech Ausdréckt a säin Ëmgang mat de Fraen ass, fannen ech, absolut net recommendabel. An wat seng Geréngschätzung vum normale Behuelen ubelaangt, fannen ech géint all Anstand. Als Mënsch fannen ech ass en eng Katastroph an als Politiker ass en eng Brute.“
Dem Trump seng Politik entspriecht net den europäesche Wäerter: „Zu den Europäesche Wäerter gehéiert nämlech och de Respekt deen an de bilaterale Bezéiungen d’Rechter vun deene méi Schwächen héisch ze halen a net nëmmen d’Kräfteverhältnis als Massstab aller Dinge ze gesinn.“
„Wat meng Iwwerzeegungen ugeet, erwaarden ech mer ganz vill vum Präsident Trump.“
„Ech ënnerstëtzen en absolut, ech hu mech gefreet datt e gewielt ginn ass. Ech hunn him och gratuléiert“, deelt den Här Kartheiser mat.
„Ech si Friddensorientéiert, domat géint de Krich an der Ukrain“ an deen soll net duerch Waffeliwwerunge verlängert ginn, do hätt den Här Kartheiser gären eng diplomatesch Léisung. „Ech hoffen, datt de Präsident Trump dat ganz séier wäert maachen. Ech sinn och gesellschaftspolitesch vill méi op senger Schinn wéi op där vun der Administratioun Biden. Ech si net an Allem mat him d’Accord, dat geet jo warscheinlech ni an der Politik, mee ech ënnerstëtze säi politeschen Engagement.“
„Mir wësse WAT ze maachen ass, et ass eng Fro vu politescher Kohärenz a Courage!“
Et ass laut Tilly Metz ganz kloer dass mer a populisteschen Zäite vu Fake News a staarker Manipulatioun duerch d’sozial Medie liewe wou d’Leit vill Ängschten hunn. Leit vum extrem-rietse Fligel notzen dës Ängschte vun de Leit an och d’sozial Medien aus fir d’Gesellschaft ëmmer méi ze dividéieren, erkläert si.
Geschockt war si och, datt mir an enger Zäit liewen, wou et an engem Debat méiglech ass alles haart ze soen an et quasi keng Limitte gi fir Stëmmen ze gewannen. Zum Beispill huet de Trump behaapt datt Refugiéen aus Haiti deenen anere Leit hier Hënn a Katzen iesse géifen. Den Elon Musk gouf awer och kritiséiert wéint sengem Lotto, wou Leit déi eng Petitioun ënnerschreiwe fir den Trump 1 Millioun Dollar gewanne kënnen. „Do gesäit ee wéi Leit wéi den Elon Musk, déi vun engem kapitalistesche System esou iwwerzeegt sinn, denken, dass een alles ka kafen“, deelt d’Madamm Metz mat. A Zukunft soll een do méi ‘garde-fou’ virgesinn. Et ass soumat ëmsou méi wichteg, fënnt d‘Tilly Metz, datt een zu senge Wäerter steet, datt ee mat Fakten a sachlechen, wëssenschaftlechen Argumenter kontert.
Och kann an dierf een dee Rietsruck net méi ignoréieren. Mee och d’Ängschte vun de Leit soll een eescht huelen. „Et feelt de Leit u ‘Repèren’, erkläert d’Deputéiert vun de Gréngen, si hunn Angscht par Rapport zur finanzieller Onsécherheet, zur Inflatioun, zu de Kricher, zum Klimawiessel. Et ass dann eng immens geféierlech Zäit wann dann sou ee wéi den Trump och nach behaapt datt de Klimawiessel Fake News wär anstatt zehandelen“
„Et ass jo kee méi deen Europa dobaussen iergendwéi seriö hëlt.“
Den Här Goerens fënnt datt dës Wale villes iwwert eis Zäit aussoen: „D’Press huet eng absolut niewesächlech Roll gespillt, d’Sozial Medie sinn ausschlaggebend. Wann ee vill Suen huet, dann huet ee méi Chance wéi wann e gutt Argumenter huet. Do zweifelt ee schonn un eiser Demokratie. Wann dat do den Trend ass, dann deet et mir Leed wéi a Zukunft Politik geféiert gëtt.“
Déi ganz Walcampagne huet laut Goerens stattfonnt tëscht enger grousser Ausernanersetzung tëscht dem globale Südenan dem dominante Westen, wat eng Radikalisatioun ass déi ëmmer manner Leit stéiert. De Populismus huet eng Präsenz déi ëmmer méi wiisst an derbäi kënnt nach eng ganz staark Ingérence vu baussen an all déi verschidde Walprozesser. Do seet den DP-Deputéierten datt Amerikaner wéi de Steve Bannon oder den Elon Musk sech op Plazen amëschen déi si guer näischt ugeet. „Et ass net, dass ee puer Milliarde schwéier ass dat ee mengt et kéint een sech do an d’Demokratie amëschen.“
Den Här Goerens fënnt datt Europa e groussen Effort maache muss a punkto Moderniséierung, der Upassung vun de Defense-Efforten an der Diplomatie. „Wirtschaftlech a militäresch muss een sech sou opstellen, dass de Rapport de Force erëm eng Kéier méi zu eise Gonschte spillt.“
„Do kann ee soen, d’Europäer déi hu laang geträntelt, dat stëmmt och. Dat hei gëtt d‘Stonn vun Europa: entweder packe mir et oder et gëtt eis wierklech dreckeg a Zukunft.“
„Mir hunn am Laf vun de leschte Joren eigentlech e Rass tëschent groussen Deeler vun der Gesellschaft gehat, den ëmmer méi déif ginn ass.“
Laut dem Här Kartheiser hunn dës Wale gewisen datt eng ganz Rei vu gesellschaftspoliteschen Entwécklungen déi 1968 ugefaangen hu vun der Realitéit erageholl ginn.
„Mir haten an dene leschte Joren eng gewësse gréng Mentalitéit an eiser Politik déi ëmmer méi elitär ginn ass an op de Leit hier Problemer erofgekuckt huet, eng Mentalitéit déi dozou geféiert huet datt eigentlech nëmmen nach ideologesch a kleng Elitte probéiert hunn d‘Saachen ënnert sech auszemaachen. Dat geet net méi“, seet den ADR-Deputéierten. „Mir gesinn datt déi grouss Majoritéit vun de Leit dat net méi wëll, vill Leit hunn an der Tëschenzäit e ganz staarkt Mësstraue géigeniwwer de Medien entwéckelt. Si trauen de Medien net méi well d’Medie probéieren d’Leit ze erzéien, datt si och selwer ideologesch sinn amplaz einfach objektiv d’Entwécklungen ze beschreiwen.“
Dozou kënnt, datt géigeniwwer enger ganzer Rei vun Institutiounen e Mësstrauen entstan ass. Den Här Kartheiser erwäänt do d’Universitéite „well een do och d’Fräiheet net méi respektéiert an ufänkt Ideologien ze maache wéi Genderstudies oder Änleches, also Saachen déi komplett onwëssenschaftlech sinn.“
Här Kartheiser seet dass e Rass an der Gesellschaft opgetaucht ass. „Dat ass wéinst der grénger a lénker Ideologie déi eis Länner geféiert hunn. Des Wale weisen datt dat net méi geet. Mir hunn och a ville Walen an Europa an dene leschte Jore gesinn, datt Parteien déi déi lenk a gréng Ideologien net droen ëmmer méi Vertraue kréie bei de Leit an ëmmer méi gewielt ginn.“
„Mir mussen eis also dorop astellen datt mer Ännerungen an de nächste Joren an Europa kréien an déier dote Richtung an ech perséinlech kann dat nëmme begréissen », seet den ADR-Deputéierten.