« D’Devise vun Israel war an ass ëmmer nach méiglechst vill Territoire, mat méiglechst wéineg Palästinenser anzehuelen », erkläert de Claude Grégoire, Member vum Verwaltungsrot vum Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient (CPJPO), an engem Interview.

MK: Hunn sech Är Stellungen zu der Situatioun am Noen Oste geännert am leschte Joer?

CG: Nee, se hunn sech net geännert, mee d’Saache sinn ëmmer méi schlëmm.

De Generalsekretär vun der UNO António Guterres sot, datt dat wat mer am Gaza gesi méiglecherweis ee vun de gréissten internationale Crimmen ass. 20.000 Kanner sinn op der Säit vun de Palästinenser gestuerwen. Mee net nëmmen d’Bevëlkerung, de ganzen Espace vital gëtt futti gemaach, an dat gezielt fir de Leit d’Méiglechkeet ze huelen do ze liewen. Dat erkennt een duerch all déi verbuede Waffen déi gebraucht ginn, zum Beispill de wäisse Phosphor, mee virun allem déi Zerstéierunge vun den Haiser beweisen dat. De ganze Schoul- a Gesondheetssystem, Infrastrukture fir d’Waasser a Muséeë gi vernichtet. De ganze Patrimoine vu Moscheeën a Kierchen déi Dausend Joer al si gi zerstéiert. Souguer Kierfeger sinn impaktéiert, et sinn Honnerte vu Kierper aus de Griewer rausgeholl ginn. Dann sinn och eng 200 Journalisten ëmbruecht ginn. Vu gewëssene kann ee souguer beweisen, datt se gezielt ëmbruecht goufen.

Wat mer am meeschte wéideet ass den Accord tacite vun de westleche Länner. D’USA en-tête, déi liwwert déi Waffen. Et ass eng 75 Dausend Tonne Waffen op dee klengen Territoire gehäit ginn, wou angeblech eng Zerstéierungskraaft vu 5 Hiroshima-Bommen hunn. Dozou kënnt, datt d’USA oft e Veto ageluecht hunn fir e cessez-le-feu ze verhënneren. Mee dann och d’europäesch Kommissioun an der Madame Ursula von der Leyen hier Stellung en face vun engem Genozid. Ausserdeem liwwere Groussbritannien an haaptsächlech Däitschland weiderhi Waffen. Mee d‘Lëtzebuerger Regierung ass och net grad à la hauteur. Virun engem Joer huet den Här Frieden behaapt et wär net un him ze soe wéini et de cessez-le-feu géif ginn. Den Här Bëttel huet och an de Medie gesot, hee wär géint e Waffenembargo géint Israel. Dat ass awer ganz grave, et gëtt nämlech eng Convention pour la prévention et la répression du crime de génocide an do ginn et Obligatioune vun de Länner déi d’Konventioun ënnerschriwwen hunn. Da kënnt nach dobäi datt de Xavier Bettel fir huet eng Ambassade opzemaachen zu Tel Aviv. Dat wär eng Aart a Weis diplomatesch Bezéiungen opzewäerten zu Israel, wärend aner Staaten hier diplomatesch Bezéiunge mat Israel suspendéieren.

MK: Ass d’Verbreedung vum Krich eng Iwwerraschung gewiescht oder war et ze erwaarden?

CG: De Krich ass an de Libanon iwwergaange mee och a Syrien amgaangen, wou aner Acteuren an Israel warscheinlech och d‘Fangeren am Spill hunn.

Ech gesinn dat Ganzt am Kader vun deem wat de George W. Bush de „Krich géint de Terrorismus“ genannt huet. Duerch d’westlech Involvementer goufen et 2002 d‘Bombardementer vum Irak, virdru vum Afghanistan an an der Tëschenzäit de Krich a Libyen; de Gaddafi ass warscheinlech vu franséischen Agenten ëmbruecht ginn.

D’Gewalt a Syrien ass zu engem Prokuratiounskrich ginn, wou déi auslännesch Mächten wéi d’Tierkei an d‘Golfstaate mee awer och d’USA, Israel a gewëssen europäesch Länner sech amëschen. Israel erlaabt sech säit Joren ëmmer erëm Syrien ze bombardéieren, mee den Iran a Russland spillen do och mat. D’dramatesch Situatioun a Syrien haut ass och eng Suite vum Versuch, haaptsächlech vum Westen, duerch Kricher Regimmer vu souveräne Staaten ze änneren, wat eigentlech total géint d‘internationaalt Recht ass. Régimmeännerungen däerfen net vu Bausse kommen, dat soll vun de Leit selwer kommen.

Op der ganzer Welt geschitt momentan ganz vill, wat och mam Ukrainkrich zesummenhänkt.

Et muss ee wëssen, dat alles ass net de 7. Oktober ugaangen. Am Noen Oste besteet e Kontinuum u Gewalt, Gaza selwer huet vill Kricher virdrun erlieft. Et gouf souguer op d’Leit geschoss wann se friddlech manifestéiert hunn. Bei der „marche du retour“ zum Beispill sinn e puer 100 Leit gezielt ëmbruecht gi vun israeeleschen Zaldoten, woubäi speziell Munitioun agesat ginn ass fir d’Leit ze verstümmelen. Et goufen deemools 10.000 Blesséierter. D’Devise vun Israel war an ass ëmmer nach méiglechst vill Territoire, mat méiglechst wéineg Palästinenser anzehuelen.

Am Libanon ass et awer och net den éischte Krich. Et gouf do scho virdru 4 Invasioune vun Israel. 1982 war déi bluddegst, do goufen et 20.000 Doudeger am Libanon. An de Flüchtlingslager Sabra a Shatila war deemools och e Massaker begaangen, net duerch israeelesch Zaldote mee duerch Milizen déi mat hinne verbonne waren an déi vun Israel gréng Luucht kritt haten.

En zentrale Punkt vun all dëse Konflikter ass d’Schicksal vun de Palästinenser. Et muss dringend eng Léisung a Palästina ëmgesat ginn déi dem internationale Recht entspriecht. Wann dësen zentrale Konflikt geléist ass, da mengen ech wäre mer um gudde Wee fir déi aner Konflikter och ze léisen … wann een dat wëll.

MK: Wat haalt Dir vun der Wafferou tëscht dem Libanon an Israel?

CG: Déi ass zimmlech prekär. Israel huet punktuell weider bombardéiert esou wéi och den Hesbollah. Israel hat jo ugekënnegt den Hesbollah ze zerstéieren. Do muss een awer wëssen, datt den Hesbollah haaptsächlech op der schiitescher Gemeinschaft vum Libanon baséiert, wat e groussen Deel vun der Bevëlkerung duerstellt. Den Hesbollah ass net nëmmen eng Miliz mee och eng politesch Partei déi souguer an der Régierung ass. Et ass net méiglech déi einfach ze eliminéieren, souwéi et och net méiglech wäert sinn den Hamas ze eliminéieren. Et muss eng politesch Léisung ginn. Deen Dag wou et en onofhängege Staat Palästina gëtt, wäerten och déi aner Problemer ze léise sinn.

De Staat Israel gouf 1947-48 an engem arabeschen Environnement implantéiert. Et goufen an der Tëschenzäit Friddenspropositiounen vun all den arabeschen a muslimesche Länner fir Israel unzeerkennen am Géigenzug zum Enn vun der Besatzung vu Palästina. Déi Propose sinn ëmmer vun Israel verworf ginn. Duerch seng permanent Krichspolitik mécht Israel immens vill futti, ganz Staate gi – mat der Hëllef vun den USA – zerstéckelt an onregéierbar gemaach. Et muss een sech emol ukucke wéi Syrien oder de Libanon haut ausgesinn.

De fréieren israeelesche Ministerpräsident Ehud Barak sot eng Kéier datt Israel eng Villa am Urwald wär, mee en huet net dobäigesat datt Israel alles mécht fir datt den Urwald ronderëm besteet.

Effektiv, a Staate wéi den Irak oder Syrie goufen net ëmmer Mënscherechter respektéiert, do sinn awer trotzdeem fréier d’Fraen emanzipéiert gewiescht an et ware laizistesch Staaten, wou déi verschidde Gleewensgemeinschaften och relativ harmonesch zesumme gelieft hunn. Déi Saache goufen all zerstéiert, soumat hu mer elo op villen Platzen e risege Chaos.

MK: Wat soen déi Geschehenisse vun der Welt am Joer 2024?

CG: Ech muss soen ech si beängschtegt. Et beréiert mech zudéifst wat alles geschitt an ech mengen et si vill Mënschen op der Welt déi spieren datt mer an enger ellener Phase si wou ëmmer méi nei Konflikter ëmmer méi schnell optauchen.

Ee vun den Haaptproblemer ass d’internationaalt Recht wou amgaangen ass demanteléiert ze ginn. D’Welt hat säit dem Zweete Weltkrich an der Kreatioun vun der UNO e gewëssenen Equiliber: et ass en internationaalt Recht ginn, den droit humanitaire an eng ganz Rei vu Konventioune wéi d’Protektioun géint de Genozid oder d’Protektioun vun de Journaliste goufen agefouert. Israel awer verstéisst ganz offe géint d’internationaalt Recht a Konventiounen. Dozou beleidegt an diffaméiert Israel d’UNO a vergësst dobäi datt et seng eegen Existenz dëser Organisatioun verdéngt. De Generalsekretär Guterres kritt verbueden an Israel anzereesen. D’UNRWA, déi Agence vun der UNO wou säit 1948 de Palästinensesche Refugiéen Narung gëtt, fir hiert Gesondheets- a Schoulwiese suergt an eng enorm Aarbecht leescht, gëtt einfach vun Israel als illegal dohigestallt nodeems d’Knesset dat votéiert huet. Et si bal 300 Aarbechter vun der UNRWA am Gazasträifen ëmbruecht ginn. D‘Force intérimaire des Nations unies au Liban (FINUL) ass och bombardéiert ginn, zumdeel och vun Israel.

D’Mënschen erwaarden dat och di westlech Länner, grad Europa, d‘UNO an d‘internationaalt Recht protegéieren, mee leider maachen déi dat nëmmen hallefhäerzeg.

MK: Ass eng Zweestaatenléisung no all deem nach méiglech?

CG: D’Zweestaateléisung war schonn 1947 vun der UNO beschloss ginn, mee déi ablacklech Regierung an Israel wäerten alles maache fir e palästinensesche Staat ze verhënneren. Dat steet och däitlech esou an der Charta vum Likud, der Partei vum Netanyahu.

1993 huet d’PLO, d’Palästinensesch Befreiungsorganisatioun, als Representant vum palästinensesche Vollek Israel offiziell unerkannt. Mee säitdeem sinn wéi wëll Siidlunge gebaut ginn a weider eng Epuration ethnique duerchgefouert ginn. 2024 war dat Joer wou am meeschte palästinensesch Haiser an Ost-Jerusalem futti gemaach goufen; d’palästinensescht Vollek gëtt duerch en Apartheitssystem ënnerdréckt.

Dofir ass de Rapport de Force wichteg an dofir wär et esou wichteg datt Lëtzebuerg och Palästina unerkennt, esou wéi di grouss Majoritéit vu Staate vun der Welt dat gemaach hunn. Et ass hypokritesch wann den Här Bettel an den Här Frieden ëmmer vun der Zweestaatenléisung schwätzen, mee nokucke wéi d‘Zweestaatenléisung vun Israel zerstéiert gëtt.

Mir kennen och nach net d’Pläng vun der israeelescher Regierung am Norde vu Gaza. Do geet d‘Arméi mat massloser Gewalt vir, do ginn d’Awunner op enger grujeleger Aart a Weis ëmbruecht a verdriwwen. Di rietsextrem Kräften an der Regierung wëllen do erëm Siidlunge bauen. Ob si iwwerhaapt de Gazasträif als palästinenseschen Territoire respektéiere steet a Fro an wäert vum internationalen Drock ofhänken. Israel weess genee: wat si méi zerstéieren, wat d’Méiglechkeet vun engem palästinensesche Staat méi kleng gëtt.

Den Ausseminister Xavier Bettel hat an der Chamber behaapt, datt Lëtzebuerg bis zum Enn des Joers mat anere Länner Palästina unerkenne wäert, a wann néideg eleng. Elo si mer am Dezember, et wär Zäit sech dorun ze erënneren, ier alles futti ass wat unerkannt wëll ginn.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *